|
Sonndes, 29 Januar 2012 16:39 |
|
Haut ass fir de Ben d'Saison mam Grand-Prix La Marseillaise ugaang. De Ben konnt sech haut e Bild iwwert seng aktuell Form maachen, a mat enger gudder 25. Plaatz mat 34'' Retard op den éischten koum hien an engem 2. klenge Grupp un. Den éischte grousse Peloton koum op 2'23''.
Ze Bemierken ass dann nach, dass de Mikael Chérel aus dem Ben senger Equipe AG2R La Mondiale am Sprint op déi 8. Plaatz komm ass, zäitgläich mam Gewënner Samuel Dumoulin.
Dem Ben Bonne Chance fir d'Saison 2012. |
|
Freides, 13 Januar 2012 20:00 |
|
D'LP07 Hexen invitéieren Iech häerzlech op hiren traditionellen Hexebal, e Samschdeg, de 4. Februar vun 20.30 Auer un an eisem Clublokal am Rit.

|
|
Mëttwochs, 04 Januar 2012 09:36 |
|
De Schëfflenger Velosclub LP07 an d'Amicale des Jeunes Coureurs Cycliste invitéieren hier Member op hier gemeinsam Generalversammlung e
Samschdeg, den 11. Februar ëm 17.00 Auer
am Centre Associatif "am Rit" zu Schëffleng
No deem offiziellen Deel hu mer wéi all Joer en Iesse virgesinn. Um Menü steet Fierkel um Spiiss mat Gromperen an Zalot. Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 31. Januar 2012 beim Jean-Claude Hansen (661 225 702), beim Pascale Pennacchio (57 25 69) oder beim Claudia Magar (54 02 02) un.
Den Onkäschtebeitrag fir d'Iessen ass 12€ fir Kanner a jonk Cyclisten, 15€ fir Memberen (Coureuren a Cyclotouristen) an 17€ fir Membres Sympathisants an Net-Memberen. |
|
Mëttwochs, 28 Dezember 2011 08:32 |
|
Am Attach fann Der eng graphesch Versioun vum Kalenner mat de Coursen, Epreuves Jeunes, Rallyen, Randonnéen an VTT-Epreuven fir déi kommend Saison. De Kalenner ass um Stand vun den Informatioune vum 28.12.2011. Kuerzfristeg Modifikatiounen fann Der um Site vun der FSCL. |
|
Leschten Update den Donneschdes, 29 Dezember 2011 10:05 |
|
Sonndes, 06 Februar 2011 10:01 |
| Président |
Hansen Jean-Claude |
| Vice-Président |
Heymans Gilbert |
| Secrétaire |
Schartz Jeannot |
| Trésorière |
Pennacchio Pascale |
| Site Internet |
Magar Claude |
| Responsable Matériel |
Majerus Claude |
| Membres |
-/- |
| -/- |
| -/- |
| -/- |
| -/- |
De Sylvain Schrantz iwwerhëlt d'Responsabilitéit fir eis Cyclotouriste-Sectioun. |
|
Leschten Update den Donneschdes, 14 Juli 2011 08:18 |
|