| Soirée Cyclotouriste |
|
|
|
| Dënschdes, 01 März 2011 12:31 | |||
|
Lo ass gläich nees souwäit. De Weekend vum 12. an 13. Mäerz fänkt d'Vëlossaison hei zu Lëtzebuerg nees un. Den éischte Rendezvous ass traditionell de Rallye de Printemps fir d'Cyclotouristen. Wéi all Joer hu mer och dëst Joer nees eng extra Soirée fir eis Cyclotouristen, wou Der Är Lizenz kritt, an och iwwer soss Neierungen informéiert gitt. Dëst Joer gi mer Iech Freides, den 11. Mäerz um 19.30 Rendezvous an eisem Clublokal am RIT. Vun dësem Joer un, hu mer, mam Sylvain Schrantz, och een neien Responsabel fir eis Cyclotouriste-Sectioun. Der kënnt de Sylvain iwwert de Kontaktformular an der Rubrik Cyclotourisme kontaktéieren. Aktuell Informatiounen iwwert Strecken, Rendezvous'en asw. fann Der an eisem Forum an der Kategorie "Cyclotourismus". Hei kënn Der och aktiv matschaffen. Dofir braucht Der Iech just am Forum unzemellen, mat Ärem Numm an enger gülteger Email-Adress. Soubal Der ugemellt sidd, kënn Der um Forum op eng Invitatioun äntweren, oder firwat net selwer e Rendezvous proposéieren, fir z.B. eng Randonnée ze fueren. Weider Detailer zum Forum kritt Der op der Soirée. Mer freeën eis op Äre Besuch a wënschen Iech eng flott a gesond Saison 2011.
|
|||
| Leschten Update den Samsdës, 12 März 2011 10:02 |




