Menu Content/Inhalt
Home Artikelen Divers Retour op de Festival vun Ell
Retour op de Festival vun Ell PDF Drocken E-Mail
Freides, 02 September 2011 08:57

De leschte Weekend waren eis Coureuren zu Ell beim Festival Cycliste vum TT Préizerdaul am Asaatz.

Bei der Course vun Cadets konnt de Kevin G. eng impressionant Victoire feieren, nodeems hien bal déi ganz Course alleng un der Spëtz gefuer ass. An der selwechter Course klasséiert sech de Fabien als 10. an den Alex als 16.

Duerno stoung fir d'Junioren en Zäitfueren um Programm, wou de Yannick op déi ganz gutt 5. Plaatz komm ass.

Um Sonndeg waren et dann d'Courses en ligne fir eis Débutants, Junioren an Dammen.

Bei den Débutants gëtt de Maurice 13. an de Mike kënnt op déi 15. Plaatz. Bei de Juniore koum de Yannick op déi 9. Plaatz.

D'Damme-Course gëtt vum Hanka Kupfernagel gewonnen. Hei huet d'Nathalie sech als 5. klasséiert.

Fir de Schluss vun der Saison hunn eis Minimes a Cadets de 17.09. nach d'VTT-Course zu Schëffleng um Programm, während eis Débutants a Junioren den 18.09. déi lescht Stroossecourse zu Reckéng wäerten an Ugrëff huelen.

Leschten Update den Sonndes, 18 September 2011 08:12
 

Newsflash

FSCL-Kalenner 2012

Hei de link op déi aktuellste Versioun vum Kalenner vun der FSCL fir d'Saison 2012.

Eng graphesch Versioun um Stand vum 28.12.2011 fann Der hei. Kuerzfristeg Modifikatioune fann Der um Site vun der FSCL.

 
Informatioun
All d'Artikele vun dësem Joër fand Dir an der Rubrik Artikelen - Divers , och wa si net méi op der 1. Säit publizéiert sin.
 

Sponsors

Banner

Login Form