Menu Content/Inhalt
Home Artikelen Divers Retour op eist VTT-Fest
Retour op eist VTT-Fest PDF Drocken E-Mail
Sonndes, 18 September 2011 08:13

Eist Mountainbike-Fest fir Jeunes, Minimes a Cadets war och dëst Joer nees e grousse Succès.

Bei de Jeunes waren insgesamt 60 Kanner um Depart, bei de Minimes 12 a bei de Cadets 15.

Sportlech gesinn sinn an alle Kategorie flott Course gefuer ginn. Eis Faarwen waren dann och e puer mol um Podium vertrueden:

  • Bei de Bambi 2 gëtt d'Liv Wenzel dat 1. Meedchen, bei de Bambi 3 gëtt d'Julie Keller 1 Meedchen an den Timo Schwickert den 3., bei de Benjamin 1 huet den Joe Nicolay d'Course fir sech entscheed a bei de Benjamin 2 konnt den Nuno Raphaël sech an enger ganz spannender Course duerchsetzen an d'Julie Theodor gëtt 1. Meedchen.
  • Bei de Minimes gëtt d'Lena Schartz 1. Meedchen a bei de Cadets huet de Kevin Geniets d'Course souverän gewonnen an de Fabien Andriolo kënnt op déi 3. Plaatz. D'Claire Faber gëtt hei dat éischt Meedchen.

En Highlight vum Dag war awer sécherlech och d'Präsenz vum Ben Gastauer, deen sech et net huele gelooss huet fir bei der Präisiwwerreechung derbäi ze sinn. D'Kanner hunn dann och vun der Geleeënheet profitéiert fir sech en Autogramm ze erhaschen oder eng Foto mam Ben ze maachen.

All d'Resultater fann Der am Attach. Weider Impressioune vum Dag kommen no.

Leschten Update den Méindes, 10 Oktober 2011 07:39
 

Newsflash

FSCL-Kalenner 2012

Hei de link op déi aktuellste Versioun vum Kalenner vun der FSCL fir d'Saison 2012.

Eng graphesch Versioun um Stand vum 28.12.2011 fann Der hei. Kuerzfristeg Modifikatioune fann Der um Site vun der FSCL.

 
Informatioun
All d'Artikele vun dësem Joër fand Dir an der Rubrik Artikelen - Divers , och wa si net méi op der 1. Säit publizéiert sin.
 

Sponsors

Banner

Login Form