Menu Content/Inhalt
Home Artikelen Divers Aktioun Clubwon
Aktioun Clubwon PDF Drocken E-Mail
Sonndes, 02 Oktober 2011 08:25

D’LP07 huet bei der Aktioun « Clubwon » vum Cactus e Projet agereecht fir e Minibus fir eise Veräin ze gewannen.

Vun elo un ass et un Iech vir eis dobäi ze hëllefen. Vum 4. bis 16. Oktober kënnen d’Leit um Internet-Site vum Cactus (www.cactus.lu) doriwwer ofstëmmen, wéi ee Projet gewënnt, an domat wéi ee Club de Minibus kritt. Et gewënnt also dee Veräin, dee seng Memberen am beschte motivéiert kritt.

Jiddereen dierf pro Dag 1 mol ofstëmmen. Eise Projet huet d'Nummer 31 an Der kënnt Äer 3 Stëmmen fir de Projet ofginn.

Also : All Dag fläisseg voten, doheem, op der Aarbecht a soss wou der kënnt. Maacht och Reklamm bei Ärer Famill, Frënn a Bekannten, fir dass mer e Maximum vu Stëmme kréien.

Anscheinend ass scho vill gefuddelt ginn, dofir huet de Cactus folgenden Text publizéiert:

Léif Veräinsmemberen,

Mir wëssen dass et ëm vill geet an et ass och flott dass d’Motivatioun esou grouss ass.

FAIR-PLAY soll awer och hei grouss geschriwwe ginn. Dofir kontrolléieren mir natierlech d’Voten déi erakommen.
Haalt Iech w.e.g. un d’Reglement dat beseet: Un vote possible par poste de connexion et par jour”.

Veräiner dei virsetzlëch fuddelen, mussen mer leider vum Gewënn ausschléissen.

Mir soen Iech MERCI fir Äre Versteesdemech an Äre Fairplay.


Är Cactus-Equipe

Well bei eis am Veräin och vill Wärt op Fair-Play geluecht gëtt, hale mer eis selbstverständlech och un d'Reglement, also w.e.g. just 1 Vote pro Dag pro Internetuschloss.

Merci fir Äer Mathëllef

De Comité

Leschten Update den Méindes, 17 Oktober 2011 07:45
 

Newsflash

FSCL-Kalenner 2012

Hei de link op déi aktuellste Versioun vum Kalenner vun der FSCL fir d'Saison 2012.

Eng graphesch Versioun um Stand vum 28.12.2011 fann Der hei. Kuerzfristeg Modifikatioune fann Der um Site vun der FSCL.

 
Informatioun
All d'Artikele vun dësem Joër fand Dir an der Rubrik Artikelen - Divers , och wa si net méi op der 1. Säit publizéiert sin.
 

Sponsors

Banner

Login Form