|
Méindes, 16 Januar 2012 08:34 |
|
D'Joer huet knapps ugefaang a scho sinn eis Sportler nees ferm am Asaatz. Nodeems eis Débutants d'lescht Woch bei de Cyclocross Meeschterschaften um Depart waren, goung et dëse Weekend och fir de Rescht vun der Equipe lass.
Si hunn eis e flotten, ofwiesslungsräichen an erfollegräiche Weekend gebueden an hu bei alle Manifestatiounen mat gudde Leeschtungen iwwerzecht.
E Samschdeg den Owend waren 20 vun eise Coureuren zu Rëmeleng bei der Rouleau-Soirée um Depart, wou eis Jongen a Meedercher e puer flott Matcher gewisen hunn, an um Enn eng Rei Victoiren a Podiumsplazen beleeë konnten. D'Resultater fann Der hei.
E Sonndeg stoung dann de Cross-Duathlon vum CA Bieles um Programm, wou 17 Schëfflenger Athleten een éischte Formtest konnte maachen. D'Resultater fann Der hei.
De ganze Weekend iwwer war de Kevin Geniets mam Sportlycée zu Adelboden bei de Laanglafmeeschterschaften am Asaatz. De Kevin konnt do souwuel am klassesche Stil, wéi och am Skating de Meeschtertitel gewannen.Déi komplett Resultater fann Der um Site vun der FLS.
Intressant fir eis Sponsoren dierft sinn, dass eis Coureuren och e puer Mol an der Tëlee ze gesi waren, an do eis Uniform mat de Logoen vun eis Sponsoren presentéiert hunn.
Bravo a weider esou
Den Trainerstaff
Hei e puer Andréck vun deene verschiddene Manifestatioune.
                                         
|
|
Leschten Update den Freides, 27 Januar 2012 17:36 |
|
|
Dënschdes, 22 November 2011 19:59 |
|
De Mëtteg krute mer iwwerraschend Besuch an der Vëlosschoul. Den Ben war vun RTL gefrot ginn fir en Interview mat enger klenger Reportage derbäi ze maachen. Wou et drëm goung wou déi Reportage sollt stattfannen, huet de Ben spontan un d'Vëlosschoul geduecht, a koum mam Team vun RTL an den Hall Polyvalent op den Training, wou en dann och eng Ronn mat de Kanner gedréint huet.
    
D'Kanner an de ganze Staff vun der Vëlosschoul soen dem Ben Merci fir dës flott Iwwerraschung.
D'Opzeechnung gëtt en Dënschdeg, den 13.12. bei RTL gewisen. |
|
Leschten Update den Freides, 23 Dezember 2011 20:41 |
|
|
|
|
<< Start < Zréck 1 2 3 4 5 6 7 Nächst Säit > Lescht Säit >>
|
|
Säit 1 vun 7 |