Menu Content/Inhalt
Home Fotoen Triathlon zu Weiswampach
Triathlon zu Weiswampach PDF Drocken E-Mail
Sonndes, 21 August 2011 18:31

4 vun eise Coureuren waren haut bei guddem Wieder zu Weiswampech beim Triathlon am Asaz.

De Kevin, de Mike, de Maurice an den Alex hu sech an dat 20°C kaalt Waasser gestierzt fir 350m ze schwammen. An dëser Disziplin si si hiren Konkurrenten aus dem Triathlon ganz däitlech ënnerleeën, an esou war et och net verwonnerlech, dass si mat deene leschten aus dem Waasser geklomm sinn. Just de Kevin konnt sech och beim Schwammen schon e bësse méi a Richtung Mëttelfeld plazéieren.

Um Vëloparcours iwwer 10km hu se dann all hier Stäerkt ausgespillt an eng Rei Konkurrenten erëmgeholl, ier si dann op de leschten 2,5km lafen gelidden hunn fir hier Positioun ze halen.

Alles an allem war eng flott Course, déi an enger ganz flotter Ambiance organiséiert war, an eis 4 Cyclisten hu gutt gekämpft an hiert Bescht ginn.

Hei nach e puer Andréck vum Dag:

DSC_0002DSC_0003DSC_0005DSC_0007DSC_0009DSC_0011DSC_0017DSC_0025DSC_0028DSC_0030DSC_0034DSC_0049DSC_0052DSC_0054DSC_0059DSC_0068DSC_0072DSC_0078DSC_0080DSC_0087DSC_0094DSC_0101DSC_0111DSC_0116DSC_0121DSC_0125DSC_0130DSC_0133DSC_0137DSC_0143DSC_0150DSC_0154DSC_0162DSC_0166DSC_0167DSC_0174DSC_0176

An hei nach e puer Fotoen vum Christian

Leschten Update den Méindes, 26 September 2011 05:54
 

Newsflash

FSCL-Kalenner 2012

Hei de link op déi aktuellste Versioun vum Kalenner vun der FSCL fir d'Saison 2012.

Eng graphesch Versioun um Stand vum 28.12.2011 fann Der hei. Kuerzfristeg Modifikatioune fann Der um Site vun der FSCL.

 
Informatioun
All d'Artikele vun dësem Joër fand Dir an der Rubrik Artikelen - Divers , och wa si net méi op der 1. Säit publizéiert sin.
 

Sponsors

Banner

Login Form