Menu Content/Inhalt
Home Fotoen Iwwerraschungsbesuch vum Ben Gastauer an der Vëlosschoul
Iwwerraschungsbesuch vum Ben Gastauer an der Vëlosschoul PDF Drocken E-Mail
Dënschdes, 22 November 2011 19:59

De Mëtteg krute mer iwwerraschend Besuch an der Vëlosschoul. Den Ben war vun RTL gefrot ginn fir en Interview mat enger klenger Reportage derbäi ze maachen. Wou et drëm goung wou déi Reportage sollt stattfannen, huet de Ben spontan un d'Vëlosschoul geduecht, a koum mam Team vun RTL an den Hall Polyvalent op den Training, wou en dann och eng Ronn mat de Kanner gedréint huet.

Ben1Ben2Ben3Ben4Ben5Ben6

D'Kanner an de ganze Staff vun der Vëlosschoul soen dem Ben Merci fir dës flott Iwwerraschung.

D'Opzeechnung gëtt en Dënschdeg, den 13.12. bei RTL gewisen.

Leschten Update den Freides, 23 Dezember 2011 20:41
 

Newsflash

FSCL-Kalenner 2012

Hei de link op déi aktuellste Versioun vum Kalenner vun der FSCL fir d'Saison 2012.

Eng graphesch Versioun um Stand vum 28.12.2011 fann Der hei. Kuerzfristeg Modifikatioune fann Der um Site vun der FSCL.

 
Informatioun
All d'Artikele vun dësem Joër fand Dir an der Rubrik Artikelen - Divers , och wa si net méi op der 1. Säit publizéiert sin.
 

Sponsors

Banner

Login Form