| Réckbléck op de Weekend |
|
|
|
| Méindes, 16 Januar 2012 08:34 | |||
|
D'Joer huet knapps ugefaang a scho sinn eis Sportler nees ferm am Asaatz. Nodeems eis Débutants d'lescht Woch bei de Cyclocross Meeschterschaften um Depart waren, goung et dëse Weekend och fir de Rescht vun der Equipe lass. Si hunn eis e flotten, ofwiesslungsräichen an erfollegräiche Weekend gebueden an hu bei alle Manifestatiounen mat gudde Leeschtungen iwwerzecht. E Samschdeg den Owend waren 20 vun eise Coureuren zu Rëmeleng bei der Rouleau-Soirée um Depart, wou eis Jongen a Meedercher e puer flott Matcher gewisen hunn, an um Enn eng Rei Victoiren a Podiumsplazen beleeë konnten. D'Resultater fann Der hei. E Sonndeg stoung dann de Cross-Duathlon vum CA Bieles um Programm, wou 17 Schëfflenger Athleten een éischte Formtest konnte maachen. D'Resultater fann Der hei. De ganze Weekend iwwer war de Kevin Geniets mam Sportlycée zu Adelboden bei de Laanglafmeeschterschaften am Asaatz. De Kevin konnt do souwuel am klassesche Stil, wéi och am Skating de Meeschtertitel gewannen.Déi komplett Resultater fann Der um Site vun der FLS. Intressant fir eis Sponsoren dierft sinn, dass eis Coureuren och e puer Mol an der Tëlee ze gesi waren, an do eis Uniform mat de Logoen vun eis Sponsoren presentéiert hunn. Bravo a weider esou Den Trainerstaff Hei e puer Andréck vun deene verschiddene Manifestatioune.
|
|||
| Leschten Update den Freides, 27 Januar 2012 17:36 |



