Generalversammlung vun der LP07 an der Amicale des Jeunes


04 February 2018

Gëschter war déi gemeinsam Generalversammlung vun der LP07 Schëffleng an der Amicale des Jeunes Coureurs Cyclistes, a Präsenz vun enge 60 Memberen, Coureuren an Eieregäscht.

Am Laf vun der Generalversammlung sinn déi fläissegst Kanner aus der Vëlosschoul mat engem Kaddo vun Immo&Conseil fir hieren Asatz belount ginn.

Well beim Passage vum Tour de France zu Schëffleng an op eisem Summerfest eng gutt Keess zustane komm ass huet d'LP07 Schecke vu jeeweils 1.000 € u "Schëffleng hëlleft", de Fan Club Ben Gastauer an d'Amicale des Jeunes iwwerreecht.

No der Generalversammlung hu mer den Nomëtteg bei engem gudde Patt ausklénge gelooss.