1991 - 2016: 25 Joer Vëlosschoul zu Schëffleng

An de 70er an 80er Joere war de Schëfflenger Vëlosclub e Veräin, mat ville motivéierten, engagéierten a vëlosgeckege Cyclotouristen. Just sporadesch huet emol deen een oder aner Jonken de Sprong bei d’Coureure gewot, dat awer ouni grouss Ënnerstëtzung an der Trainingsplanung oder der Begleedung bei de Coursen.

Enn den 80er hunn e puer Coureure mat hierem Entourage de Wee op Schëffleng fonnt, an domat ass och e bëssen Know How iwwert d’Coureurs-Liewen an de Veräi komm. Zimlech séier hunn déi nei Leit festgestallt, dass et ee seriöe Problem mam Nowuess am Veräi gëtt, an de Berns Léon huet 1991 proposéiert fir eng Vëlosschoul ënnert senger Leedung an d’Liewen ze ruffen.

Am Hierscht 1991 ass et lass gaangen mat enger Handvoll Kanner, déi all Dënschdeg Nomëtteg am Hall Polyvalent zu Schëffleng trainéiert hunn. Et war d’Zäit vun den Zack-Trophy’en, eng Zort Kanner-Course, bei deene bal nëmmen Parcours d’Adresse gefuer gi sinn, an deementspriechend stoungen haaptsächlech technesch Exercicen um Trainingsplang.

Fir méi Kanner an d’Vëlosschoul ze kréien huet de Léo de Kontakt mat der lokaler LASEP-Sektioun gesicht, an d’Vëlosschoul ass e Bestanddeel vun der Schëfflenger LASEP-Offer ginn.

No 2 Joër huet de Léo decidéiert fir opzehalen, an de Projet Vëlosschoul stoung domat virum Aus. Den deemolege President Romain Rehlinger hat d’Wichtegkeet vun der Vëlosschoul erkannt, a probéiert Ersatz ze fannen.

Well am Veräin, wéi schon am Ufank gesot, vill engagéiert a motivéiert Leit waren, huet sech och séier eng Equipe zesummefonnt, déi d’Vëlosschoul weidergefouert a weiderentwéckelt huet. D’Saison 93/94 ass ënnert der Leedung vum Anny an Aly Magar ugaangen, a si goufen ënner anerem vum Gisèle Dries, an dem Vic Herkes kräfteg ënnerstëtzt.

Am Joër 94 konnt de Veräin dann och seng 1. Medail, vun engem jonke Coureur deen aus dem Kontext Vëlosschoul koum, bei engem Championnat feieren. Den David Muller ass beim Championnat zu Remerschen de gudden 3. bei de Minimes ginn. Champion an deeër Kategorie war dat Joer e gewëssene Frank Schleck. 

Et ass Reklamm bei de Schoule gemaach ginn, d’Zuel vun den ageschriwwene Kanner ass ëmmer méi gewuess, an den Encadrement ass ëmmer méi komplizéiert ginn. An der Saison 93/94 waren 37 Kanner ageschriwwen, Tendenz steigend, bis d’Saison 98/99 wou 56 Kanner an der Vëlosschoul aktiv waren. An der Hal war net méi genuch Plaz fir mat alle Kanner ze trainéieren, an och de Course-Modus am Beräich Jeunes ass ëmmer méi a Richtung "Course en ligne" gaangen. 

En Deel vun de Kanner, an der Regel déi méi Grouss, sinn dowéinst eraus fuere gaangen. Et sinn 3 Equipe gemaach ginn, eng mat de Kanner an der Hal, eng am Bësch an op de Vëlosweeër fir déi Kanner déi technesch a konditionnel nach net esou staark waren an eng am Bësch, wou den techneschen a konditionnellen Usproch méi héich war, a wou scho richteg Mountain-Bike gefuer gouf.

Déi Responsabel aus der Vëlosschoul hunn also schon deemools eng Andeelung a „Leeschtungsgruppe“ gemaach, sou wéi d’Projeten vun der Federatioun dat haut och virgesinn.

Ze soën ass nach, dass deemols kee vun de Leit aus der Vëlosschoul eng Trainerausbildung hat, wat zum Deel hefteg vun etabléierten Trainer, och um Niveau vun der Federatioun, kritiséiert ginn ass.

Dat heescht awer net dass net gutt geschafft gi wier. Am Géigendeel. Déi responsabel Leit hu Bicher gewältzt, sech lenks a riets informéiert an och Artikelen iwwert ähnlech Projeten am Ausland gelies a sech dorun inspiréiert. Fir de Rescht hu se d’Vëlosschoul mat vill Leidenschaft, Freed um Sport, Léift a virun allem gesonde Mënscheverstand gefouert, an et fäerdeg bruecht fir de Kanner de Spass um Vëlo an niewebäi och nach zollit technesch Fähegkeeten ze vermëttelen.

Et war ënnert hirer Leedung wou jonk Coureuren wéi de Ben Gastauer, Cyrille Heymans an Nathalie Lamborelle ugefaangen hunn. A wann een hire Parcours esou kuckt, da kann een haut mat Sécherheet soen, dass Villes richteg gemaach ginn ass.
Fir den Oflaf vun den Traininger a virun allem d’Sécherheet ënnerwee ze garantéieren an ze verbesseren, ass ëmmer nees versicht ginn, fir sportlech Mammen a Pappen unzespriechen, a si dofir ze begeeschteren fir an den Trainingen als Begleeder eng Hand unzepaken.

Ënnert hinne waren ënnert aneren de Jean-Claude Hansen, haut President vun der LP07, an de Rom Gastauer. Si hu séier gemierkt, dass d’Organisatioun an d’Gestioun vun der Vëlosschoul mat engem Koup Aarbecht verbonne war, an dass dës Aarbecht en Gros un 2 Persounen, dem Anny an dem Aly, houng.

Si hunn d’Käpp zesummegestreckt an iwwerluecht wat ee kéint maache, fir engersäits deenen 2 d’Aarbecht ronderëm d’Vëlosschoul ze vereinfachen, an anersäits och d’Fortbestoë vun der Vëlosschoul ze garantéieren, an deem Moment wou d’Anny an den Aly hier Pensioun an der Vëlosschoul géingen huelen.

No Gespréicher mam deemolege President vun der LP07, dem Romain Rehlinger, an nodeems si nach e puer Leit fir hier Cause motivéiert haten, ass den 10. März 1997 d’Amicale des Jeunes Coureurs Cyclistes als eegestännege Veräin gegrënnt ginn, mam But, d’Aktivitéite vun der Vëlosschoul am Respekt vun de Wäerter vun der LP07 an der FSCL ze begleeden an ze ënnerstëtzen. D’Amicale des Jeunes sollt ausserdem de Comité vun der LP07 entlaaschten wat de Beräich Jeunes ugeet.

Den éischte Comité  vun der Amicale des Jeunes huet sech aus folgende Leit zesumme gesaat:
President Jean-Claude Hansen
Secrétaire Romain Gastauer
Trésorier Dan Katzenmeyer
Memberen: Claude Magar
                    Claude Rissé
                    Renée Schwinninger

Am Joër 1998 hunn de Romain Gastauer an de Claude Rissé, déi zu deem Moment schon als Moniteuren an der Vëlosschoul täteg waren, un enger Trainerformatioun deelgeholl a konnte confirméieren, dass d’Art a Weis wéi d’Vëlosschoul bis dohi funktionnéiert huet déi Richteg war.

Fir d‘Saison 2000/2001 hunn d’Anny an den Aly, d’Pensioun an der Vëlosschoul geholl.
De Claude Rissé an d’Renée Dupont hunn d’Leedung vun der Vëlosschoul dunn iwwerholl. Duerch Onstëmmegkeeten tëscht hinnen an dem deemolege Comité vun der LP07 hu si hiert Mandat an der Vëlosschoul allerdéngs no just engem Joer schwéieren Härzens néiergeluecht, an d’Vëlosschoul stoung eng 2. Kéier ouni Responsabel do. Den deemolge President vun der LP07, de Paul Weimerskirch, huet probéiert fir Ersatz ze fannen, an hat e provisoreschen Accord mat enger jonker Educatrice fonnt, déi nom éischten Training awer festgestallt huet, dass déi Aufgab aus verschiddene Grënn näischt fir si war, an si huet direkt duerno démissionnéiert. 

D’Vëlosschoul Saison 2001-2002 war un an et war kee Responsabel méi do. Innerhalb vun enger Woch huet missen Ersatz fonnt ginn, wat awer net esou einfach war, well och d’Relatioune tëscht der Amicale an dem Comité vun der LP07 zu deem Zäitpunkt net optimal waren, dat e.a. well de President vun der LP07 gefaart haat et géing e „Club am Club“ entstoen, wat awer zu kengem Moment de Fall war.

De Problem Vëlosschoul huet d’Claudia Magar, wat deemols schon an der Vëlosschoul als Monitrice gehollef huet, an de Claude Magar, als Member vun der Amicale, net kal gelooss, an nodeems si fir sech festgestallt haten, dass een de flotte Projet Vëlosschoul net einfach esou kéint opginn, huet d’Claudia dem President vun der LP07 ugebueden fir d’Responsabilitéit an der Vëlosschoul ze iwwerhuelen, ënnert der Bedingung, dass genuch Leit fir den Encadrement do wieren.

Ganz séier huet sech eng Equipe mat alen an neie Moniteuren an der Vëlosschoul forméiert. D’Amicale, ënnert der successiver Présidence vum Gab Saddi an dem Roberto Scolati, huet sech nei motivéiert an eng ganz Rëtsch vu flotten Aktivitéiten organiséiert. Donieft ass d’VTT-Piste, déi d'Schëfflenger Gemeng um Biergemer Wee aménagéiert huet offiziell ageweit ginn, an d’Vëlosschoul krut een neien Opschwong.

Nieft den traditionnellen Aktivitéiten wéi de Besuch vum Kleeschen sinn nei Aktivitéiten, virun allem iwwert d’Wanterméint, wou den Hall Polyvalent der Vëlosschoul net ëmmer zur Verfügung steet, organiséiert ginn. Seitdem stinn an der Vëlosschoul am Januar Aktivitéiten wéi Schlittschung fueren, Schwamme goen, mam Schlitt fueren (wann dann emol Schnéi läit), oder ganz einfach en Tour zu Fouss am Bësch um Programm.

Um Enn vun enger Vëlosschoulsaison gëtt säitdem och ëmmer eng Oofschlossfeier organiséiert, mat oder ouni Vëlo, wou sportlech oder kulturel Aktivitéiten gemaach ginn. Sou stoungen am Laaf vun de Joeren Visiten am Musée des Mines, beim Train 1900 am Fonds de Gras, e Vëlostour op der Musel, e Besuch am Parc Merveilleux a vill aner flott Aktivitéiten um Programm vun eisen Ofschlossfeieren, déi all Kéiers mat enger Spaghetti oder Gegrills op en Enn gaange sinn.
Mä zréck bei den Historique. 

Wann an der Saison 1999/2000 an 2000/2001 d’Aschreiwungen nach bis op 36 Kanner zréck gaange sinn, huet d’Opbrochstëmmung, déi vun der neier Equipe ausgaangen ass vun der Saison 2001/2002 un ugefaangen hier Friichten ze droen. An de Joëren 2002-2009 waren an der Moyenne 61 Kanner an der Vëlosschoul ageschriwwen, an der Saison 2005/2006 waren et der esouguer 70.

D’Kommunikatioun innerhalb der Vëlosschoul gouf mam „Vëlosschoul-Info“ an mat enger eegener Homepage verbessert, an d’Amicale huet och mat aaner Moyen’en versicht fir Publicitéit ze maachen. 

Am Joer 2004 zum Beispill hunn d'Kanner aus der Vëlosschoul eng Demo bei Cérémonie d’Ouverture vun der Weltmeeschterschaft vun de Pompieren um Knuedler gemaach.

Déi grouss Begeeschterung iwwert d’Succès’en vun eisen deemolge Profi’en huet sëcher och hiren Deel zur Popularitéit vum Vëlossport bäigedroen. Net nëmmen d’Kanner ware motivéiert; och d'Elteren hunn eng Hand ugepak. Nëmmen dofir war et méiglech fir déi vill Kanner kënnen optimal ze betreien. 

An de Joëren 2005 a 2006 hu 4 weider Moniteuren aus der Vëlosschoul en Trainercours gemaach fir d’Vëlosschoul op den neiste Stand ze bréngen. Déi grouss Unzuel vu fräiwellege Mataarbechter an der Vëlosschoul huet et erlaabt fir eis Methoden un déi neisten Erkenntnisser unzepassen.

D'Kanner sinn a 4 Gruppen agedeelt ginn déi jeweils vu mindestens 3 Moniteure betreit gi sinn. Doduerch war et méiglech fir méi gezielt op d’Kanner anzegoen a méi efficace ze schaffen.

Duerch déi vill fläisseg Mataarbechter war et och méiglech fir Stage vun e puer Deeg mat de Kanner zu Huelmes, Bourglënster an Iechternach ze organiséieren.

An de Joëren 2005 – 2010 sinn intern verschidde Stagen a Couren fir d'Moniteuren organiséiert ginn. Dorënner waren ënnert aneren en „Technik-Stage“ an och eng kondenséiert 1.-Hëllef Formatioun an Zesummenaarbecht mat de Schëfflenger Services de Secours.

An deene Joëren duerno ass et méi roueg ginn am Vëlossport. 

Vun Enn 2009 -2013 waren an der Moyenne nach knapps iwwer 40 Kanner an der Vëlosschoul ageschriwwen. E groussen Abroch koum an de Saison’en 2013/2014 an 2014/2015 wou grad emol 26 Kanner ugemellt waren. Dee Phenomen war awer net alleng zu Schëffleng ze spieren, mä e bëssen an alle Veräiner. D’Lizenzen an der Federatioun sinn insgesamt zréck gaangen, an och d’Unzuel vun de Veräiner, déi eng Vëlosschoul bedreiwen huet staark ofgeholl.

Fir eis Vëlosschoul koum dobäi, dass fir d’Saison 2013/2014 d'Kooperatioun mat der LASEP op en Enn goung, well den administrativen an organisatoreschen Opwand vis à vis vun der zentraler Leedung vun der LASEP net méi akzeptabel war. 

Säit der leschter Saison, an och an der aktueller Sessioun schéngt et nees e bësse biergop ze goen. D’Zuel vun den Aschreiwwunge sinn zwar nach ëmmer déif, mä d’Kanner an och hier Eltere sinn nees méi motivéiert. Dat gesäit een e.a. och un der Unzuel vun de Kanner, déi un de Coursen deelhuelen.

Ufank 2016 hunn all d'Moniteuren aus der Vëlosschoul un enger Kids-Coach-Formatioun vun der FSCL an Zesummenaarbecht mam ENEPS deelgeholl. Och doru gesäit een wéi engagéiert hei zu Schëffleng geschafft gëtt.

Zu engem Historique gehéieren natierlech och e puer Zuelen:
- Säit der Grënnung vun der Schëfflenger Vëlosschoul am Joer 1991 ziele mer iwwer 1.100 Aschreiwungen.
- D’Kanner aus eiser Vëlosschoul kommen aus 41 verschiddenen Uertschaften aus dem In- an Ausland. 
- Insgesamt hunn iwwer 50 Leit als Moniteuren an der Vëlosschoul gehollef.
- Em déi 40 Coureuren déi aus der Vëlosschoul ervirgaang sinn konnte sech mindestens 1x bei engem Championnat ënnert deenen 3 éischte klasséieren, oder si mindestens 1x an enger Selectioun vun der FSCL gefuer. Déi meescht vunn hinnen sinn Récidivisten.
- 4 Coureuren, d’Nathalie Lamborelle, de Ben Gastauer, de Cyrille Heymans an den Tom Kohn hunn de Sprong an de professionnellen respektiv semi-professionnelle Millieu gepackt. Den Ben esouguer op den héchsten Niveau bei AG2R LaMondiale, eng Equipe vum World Tour.
- 2 weider Coureuren, d’Claire Faber an de Kevin Geniets sinn um beschte Wee dohin. De Kevin ass aktuell als Espoirs bei Chambery Cyclisme Formation ënnerwee, an d’Claire fiert vun dëser Saison un, an der hollännescher Damenequipe "Jos Feron Lady Force".
- Aktuell sinn 12 Moniteuren an der Vëlosschoul, dovun hunn der 9 d’Kids-Coach Formatioun am Joer 2016, an 3 vun hinnen hunn zousätzlech en C-Trainer-Schäin. 

- Merci all deene Leit déi an deene leschte 25 Joer zum Erfolleg vun der Vëlosschoul vun der LP07 Schëffleng bäigedroën hunn:
 Merci dem Léo Berns, deen um Ufank vun der Schëfflenger Vëlosschoul stoung. Ouni him seng Initiativ géing et hei zu Schëffleng keng Vëlosschoul ginn.
- Merci un déi ganz Equipe ronderem d’Anny an den Aly, déi sech mat vill Courage a Leidenschaft an eng Aventure gestierzt hunn, vun deeër een deemols net woust wou se géing hiféieren. Si hunn den definitive Startschoss fir d’Vëlosschoul ginn.
- Merci un de Jean-Claude Hansen an de Romain Gastauer, déi mat hierer Iddi vun der Amicale des Jeunes e wichtege Beitrag zu der Kontinuitéit an der Vëlosschoul geleescht hunn.
- Merci deene ville Leit, déi sech an all deene Joeren fräiwëlleg an onentgeltlech am Encadrement vun de Kanner als Moniteur engagéiert hunn. 
- Merci all de Comités-Memberen vun der Amicale des Jeunes, déi am Laf vun de Joëre mat ugepak hunn.
- Merci un d’Amicale des Anciens Coureurs Cyclistes, déi all Joer en Don un déi Veräiner mécht, déi sech am Beräich Jeunes engagéieren.
- Merci dem Fan-Club Ben Gastauer, deen d’Vëlosschoul all Joer mat engem generéisen Don ënnerstëtzt.
- Merci dem Frank Zeimet, deen d'Vëlosschoul och all Joer als affiléierte Member vun der LP07 an als President vum AOTdL ënnerstëtzt huet.
- Merci de Schëfflenger Gemengeverantwortlechen fir hier Ënnerstëtzung iwwert all déi Joeren. Virun allem d’mise à disposition vum Hall Polyvalent ass fir d'Vëlosschoul ganz nëtzlech a wichteg. Et ass eng Hal mat engem normale robuste Buedem, wou vill Plaz ass fir uerdentlech mat de Kanner ze trainéieren. Och d'VTT-Piste um Biergemer Wee ass eng flott a wichteg Infrastruktur fir eis Traininger a virun allem fir eis VTT-Coursen am September.
- A last but not least e grousse Merci un d’Kanner fir hieren Asaz am Training a bei de Coursen an un d’Elteren fir hiert Vertrauen an hier Mataarbecht. 


110 Joer LP07 Schëffleng
25 Joer Vëlosschoul vun der LP07 Schëffleng
20 Joer Amicale des Jeunes Coureurs Cyclistes Schifflange