Cyclocross Schëffleng - 3.12.2023

Neien Datum, selwechte Cross

Mir si frou Iech kënnen den 3. Dezember 2023 als neien Datum vun der drëtter Editioun vun eisem Cyclocross ze annoncéieren. 

Nieft den traditionelle Cross-Coursen ab Débutants (m/f) wäerten zu Schëffleng och kënnen d'Kategorië Minimes (m/f) a Cadets (m/f) op engem liicht verännerte Parcours un den Depart goen. Hei kënnen d'Kanner souwuel mat engem Cyclocrossvëlo wei och mat engem MTB starten. 

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt. 

De Schëfflenger Cyclocross wäert natierlech och rëm Deel vum Skoda Cross Cup sinn an ass dëst Joer och als Green Event gelabelt.

Umeldung ënner:
--> Link Umeldung Cyclocross 03.12.2023