Cyclocross Schëffleng - 03.12.2023
Neien Datum, selwechte Cross.
Mir si frou Iech kënnen den 3. Dezember 2023 als neien Datum vun der drëtter Editioun vun eisem Cyclocross ze annoncéieren.
Nieft den traditionelle Cross-Coursen ab Débutants (m/f) wäerten zu Schëffleng och kënnen d'Kategorië Minimes (m/f) a Cadets (m/f)op engem liicht verännerte Parcours un den Depart goen. Hei kënnen d'Kanner souwuel mat engem Cyclocrossvëlo wei och mat engem MTB starten.
Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.
De Schëfflenger Cyclocross wäert natierlech och rëm Deel vum Skoda Cross Cup sinn an ass dëst Joer och als Green Event gelabelt.
Umeldung ënner:
Link Umeldung Cyclocross