Cyclocross Schëffleng - 22.1.2023 - Final Skoda Cross Cup

Foto: Serge Waldbillig, Ed.: LP07/MS



19 December 2022

Cyclocross Schëffleng
 
De Cyclocross, organiséiert vun der LP07 Schëffleng, fënnt Sonndes den 22.1.2023 zu Schëffleng am Biergemer Wee statt. 
 
De Cyclocross zu Schëffleng ass gläichzäiteg och d'Final vum Skoda Cross Cup
 
D'LP07 Schëffleng ass och frou fir eng speziell Neierung kënnen ze annoncéieren. Nieft den traditionelle Cross-Coursen ab Débutants (m/f) wäerten zu Schëffleng, am Kader vun engem Pilotprojet, och kënnen d'Kategorië Minimes (m/f) a Cadets (m/f) op engem liicht verännerte Parcours un den Depart goen. Hei kënnen d'Kanner souwuel mat engem Cyclocrossvëlo wei och mat engem MTB starten. 
 
Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt. 
 
Kommt gäre bis laanscht!