Cyclocross Schëffleng - 03.12.2023

LP07/MS



10 November 2023

Neien Datum, selwechte Cross

 

Mir si frou Iech kënnen den 3. Dezember 2023 als neien Datum vun der drëtter Editioun vun eisem Cyclocross ze annoncéieren. 

Nieft den traditionelle Cross-Coursen ab Débutants (m/f) wäerten zu Schëffleng och kënnen d'Kategorië Minimes (m/f) a Cadets (m/f)op engem liicht verännerte Parcours un den Depart goen. Hei kënnen d'Kanner souwuel mat engem Cyclocrossvëlo wei och mat engem MTB starten. 

 

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt. 

 

De Schëfflenger Cyclocross wäert natierlech och rëm Deel vum Skoda Cross Cup sinn an ass dëst Joer och als Green Event gelabelt.

Umeldung ënner:
Link Umeldung Cyclocross