Course fuere bei der LP07 Schëffleng

Wou ?
Rendez-vous fir gemeinsam Traininger ass beim Hall Polyvalent zu Schëffleng

Wee ka matmaachen ?
Mer betreie Coureuren aus allen FSCL-Kategorien vu Minimes (ab 11 Joer) bis Masters.

Wéi schaffe mer?
Traininger si je no Kategorie strukturéiert 2-5 mol d'Woch

- Am Summer stinn haptsächlech Vëlostraininger op der Strooss um Programm

- Am Wanter hale mer eis mat Mountainbike an allgemengem athleteschen Halentraining a Form

- Fir déi wou wëllen ass am Wanter och Cyclo-Cross um Programm

 
Coordinatrice ass d'Nathalie Lamborelle - Masterofschloss mat Schwéierpunkt Leeschtungssport - Sportsprof - B-Trainer-Schäin a fréier Coureur bei verschiddenen internationalen Dammen-Equipen 

Veräintraineren bei den Kategorien Minimes (m/f) , Cadets (m/f) an Débutants (m/f) sinn den Stefan Lafontaine an den Josselin Martin. 

Ausserdem kënne si op d'Hëllef vun enger Rei Pappen zielen, déi als Begleeder matfueren.

Eis eeler Coureure ginn des Ëftere vum Nathalie Lamborelle, dem Steve Serafini (B-Schéin) oder dem Maurice Schwarz (Kids Coach) mat Trainingspläng begleet. 

Informatiounen iwwer de Kontaktformular hei drënner