Start
09/05/2022 08:00
End
09/05/2022 18:00
Address
Condsdorf
Centre polyvalent "Kuerzwénkel" EP, 19 Rue de Berdorf, Consdorf
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Informatiounen
Gudde Moien, Ech schreiwen Iech, fir Iech an är Memberen op meng Randonnée Passes for Africa den 9. Mäi 2022 anzelueden. Als éischt Editioun sinn mir op Ënnerstëtzung bei der Bekanntmaachung ugewisen. Héi e puer Info’en zur Randonnée: Den Erléis vun der Randonnée gett integral gespent. Et wäerten 4 Strecken zur Verfügung stoen: 30, 60, 90 oder 120 km. Start- an Ziel ass zu Consdorf am Centre polyvalent «Kuerzwénkel». Et wäerten Ravien gin an ausserdeem bidden mir een Mëttesiessen un – fir daat een sech bis zum 2. Mee umellen kann. Méi Informatiounen an Umellen kennt dir iech iwwert dësen Link: https://passesforafrica.ch/randonnee/ Wéi uewen schon erwähnt, gett d’Participationsgebühr vun 30 EURO integral un den Projet "Bike to School" vun Velafrica gespent. An ländlechen Regiounen an Afrika sinn d’Distanzen zur Schoul fir Kanner ze Fouss oft net ze bewältegen. Dobäi kennt, datt d’Kanner villen Geforen ausgesat sinn. Den Programm «Bike to School» hëlleft. Kanner an Jugendlecher, dei aus aarmen Verhältnisser kommen, kréien duerch den Programm een Vëlo. Mat dësen sinn d’Distanzen fir d’Schüler an Schülerinnen däitlech méi séier zereckzeleen an domat den Wee zur Bildung méi liicht. Bildung gehéiert zu den effikassten Methoden fir Aarmut ze bekämpfen an bidd sëlleg Entwécklungsméiglechkeeten fir jonk Léit. Ech géif Iech härzlech bieden, Reklamm fir meng Randonnée bei ären Memberen ze maachen an géif mech immens freeën, méiglechst vill vun ären Memberen den 9. Mäi am Mëllerdall begréissen ze kennen. Béscht Gréiss