Amicale des Anciens Coureurs ënnerstëtzt d'Vëlosschoulen

Foto vun MC



07 October 2018

Haut de Mëtteg huet d’Amicale des Anciens Coureurs Cyclistes, am Kader vun hirer Generalversammlung, nees Donen un déi Veräiner verdeelt, déi sech an der Jugendaarbecht mat de Kanner vu 6-10 Joer engagéieren.

Si hu virun iwwer 20 Joer ugefaangen déi betreffend Veräiner ze ënnerstëtzen an halen un dëser flotter Traditioun fest.

D’LP07 Schëffleng an d’Amicale des Jeunes Coureurs Cyclistes seet hinne villmools MERCI fir hier Ënnerstëtzung