Arno Wallenborn an Noah Kemp an der Steiermark


25 August 2019

Gutt Noriichte vum Schëfflenger Nowuess.

Bei der Internationale Radjugendtour Oststeiermark fir Débutants kënnt den Arno Wallenborn no engem Prolog a 4 Etappen en ligne am Generalklassement op déi ganz gutt 7. Platz. Den Arno bestätegt domat seng gutt Leeschtungen iwwert déi lescht 2 Saisone bei den Débutants.

Och den Noah Kemp war an der Steiermark um Depart, hat et awer als Sprinter op dem schwieregen Terrain méi schwéier. Den Noah huet bis zum Schluss gekämpft a konnt sech als 98. am Generalklassement klasséieren.

Am Equipe-Klassement kënnt den Team Lëtzebuerg op déi 4. Platz vun insgesamt 17 national- a regional Equippen.

Den nächste Weekend sinn eis Coureuren dann hei am land beim Critérium Eurpoéen um Depart.

Bonne Chance a maacht weider esou.