Assemblée Générale ordinaire 2021


30 January 2021

Léif Memberen,

Et gëlle weider sanitär Restriktioune wéinst COVID19, sou dass mer gezwonge sinn eis
Assemblée générale dëst Joer „par correspondance“ ze maachen.
Et sinn, wéi der jo aus de vergaangene Joere wësst, vill Berichter an dofir ass et schwiereg fir
se per Bréif ze schécken. Dofir sinn d’Berichter vum Club an der Amicale hei op eisem Site an der Rubrik Generalversammlung 2021 publizéiert.

Fir iwwert d'Rapporten ofzestëmmen ass och e Formulaire dobäi, deen Der eis kënnt ausgefëllt zréck mailen, oder per Post schécken. Et ass och méiglech d'Rapporten online ze stëmmen. Scannt dofir de QR-Code vun dësem Artikel.

Där kënnt dat awer och per Bréif un de Comité maachen. Wann een awer léiwer
d’Rapportën per Bréif wëll geschéckt kréien, soll en sech bei der Sekretärin Christiane
Leclerc mellen um Telefon 691 19 22 19
Mer bieden iech eis är Äntwert bis de 15. Februar 2021 eran ze schécken oder ze
mailen.

De Comité seet jidderengem Merci fir d’Ënnerstëtzung am leschte Joer an hofft, dass mer eis
dëst Joer nees kënnen ënner méi normalen Ëmstänn gesinn.

Bleift gesond

De Comité vun der LP07 an de Comité vun der AJCCS