Eischt Victoire fir eis Faarwen

Mats Berns - LP07 Schëffleng Foto vun MC



14 April 2019

De Mats Berns konnt sech bei der Course vum VC Schengen déi éischt Victoire fir dëst Joer bei de Cadets sëcheren. De Sami an den Diogo hu sech an der selwechter Kategorie gutt geschloën.

Bei de Minimes konnt den Theo bis zum Schluss am Spëtzegrupp dobäi bleiwwen, an de Loïc huet sech no enger Chute mat vill Courrage op d'Arrivée gekämpft.

Eis Débutants sinn eng engagéiert Course gefuer, wobäi den Arno no diversen Attacken am Spëtzegrupp ukomm ass. De Noah an de Moritz konnten dee Spëtzegrupp net halen a si knapp hannendrun iwwert d'Arrivée gefuer. Bei den Juniorinnen huet d'Maïté sech gutt derduerch gekämpft.

Net vergiesse wëlle mer awer och déi formidabel 7. Platz vum Kenvin Geniets am Tour des Flandres fir U23. De Kevin war hei mam "Team Lëtzbuerg" um Depart.

Klickt hei fir d'Fotoe vum Dag