Ennerstetzt eis Sponsoren


25 March 2020

De VC LP07 Schëffleng seet senge Sponsore villmools MERCI fir hier laangjäreg an trei Ënnerstëtzung. Mer konnten zu all Moment op si zielen, a si waren ëmmer do wa mer se gebraucht hunn.

An der momentaner Situatioun, wou vill vun hinnen net normal kënne schaffen, ass et un eis fir eppes zréck ze ginn.

De Comité vun der LP07 huet dofir decidéiert, fir dës Saison op déi finanziell Ënnerstëtzung vun senge Sponsoren ze verzichten. Et ass sécherlech just eng Drëps op de waarme Steen, an dofir maache mer e waarmen Appell un eis Memberen, fir eis Sponsoren no der Krise net ze vergiessen.

Kaaft lokal a realiséiert Är Projeten bei deenen Betriiber, déi eis iwwert déi lescht Joren mat vill Engagement ënnerstëtzt hunn.