Epreuve Jeunes vum 12.06.2021 - Covid-Test


11 June 2021

All d'Coureuren an all déi Leit, déi um Site hëllefen mussen en negative Covid-Test presentéieren:

  • PCR-Test dee manner ewéi 72 Stonnen al ass
  • en certifiéierten Schnelltest dee manner ewéi 24 Stonnen al ass

Fir déi Schëfflenger Coureuren an d'Bénévolen um Site hu mer en Testcenter an eisem Clubraum am Rit ageriicht:
18.00 - 18.30 Auer fir d'Coureuren
18.30 - 19.00 Auer fir d'Bénévolen

Verschidde Veräiner hunn en ähnlechen Testcenter fir hier Coureuren ageriicht (informéiert Iech bei Ärem Club). Déi aner jonk Coureuren kënnen e Samscheg op der Platz getest ginn:
Bambi  vun 13.00 - 13.30 Auer
Benjamin vun 15.00 - 15.15 Auer

Déi Leit déi hëllefen an e Freideg keng Zäit hunn, kënnen dat och e Samschdeg op der Platz nohuelen ab 13.00 Auer.

Desweider gëllen nach ëmmer d'Recommandations sanitaires vum 25.05.2021

25052021-recommandations-sanitaires.pdf