Epreuves Jeunes den 12. September


01 September 2020

De Vëlosclub LP07 Schëffleng an d'Amicale des Jeunes Coureurs Cyclistes vu Schëffleng invitéieren Iech häerzlech op hier Epreuve Jeunes fir Kanner vu 6-10 Joer, déi den 12. September op eiser VTT-Piste am Biergemer Wee zu Schëffleng stattfënd.

Wéinst deeër spezieller sanitärer Situatioun hu mer eise Programm esou ugepasst, dass méiglechst wéineg Leit gläichzäiteg um Site sinn. D'Detailer fann Der op eisem Flyer.

D'Aschreiwwunge mussen iwwer de Site vun der FSCL gemaach ginn.