Epreuves Jeunes vum 11.Mee

Foto vun Rich Spautz



12 May 2019

E Samschdeg war déi 2. Epreuves Jeunes vun dësem Joer op eiser Mountainbike-Piste am Biergemer Wee. Trotz ganz schlechte Wiederkonditiounen ware 40 Kanner um Depart an hu sech duerch de Bulli gekämpft.

Merci deene couragéierte Kanner an hiren Elteren, dass si trotz dem Wieder de Wee bei eis op d'Course fonnt hunn.

E grousse MERCI awer och un all d'Benevollen, an d'Leit aus der Jury, déi gehollef hu fir dass des Epreuve konnt duerchgezu ginn. Ganz vill Leit hunn eng Hand mat ugepaakt a stoungen zum Deel Moies fir opzeriichten an/oder Mëttes wärend der Course als Streckposten oder am Catering an der Nätzt an an der Keelt, a waren och duerno nach do fir nees alles ofzeriichten an anzeraumen.

Alles an allem eng naass, kaal awer flott Epreuve, mat villen intressante Coursen a motivéierte klenge Coureuren.

Klickt hei fir d'Fotoe vum Dag


classements.pdf