Kevin geniets 10. am GP Plumelec


02 June 2019

Eng weider Top10 Platz fir de Kevin, dës Kéier am GP Plumelec.

Virun der Schlussmontée koumen nach just 21 Coureure fir d'Victoire a Fro, ënner hinne de Kevin. Op d'Arrivée erop ass de Groupe dann ausernee gefouer, an d'Course gëtt vum Benoît Cosnefroy (AG2R-LaMondiale) gewonnen. De Kevin kënnt mat just 8 Sekonne Retard op déi gutt 10. Platz.

Klickt hei fir d'Klassement

Haut ass de Kevin bei de Boucles de l'Aulne am Asatz.

D'nächst Woch kënn Der Kevin hei am Land beim Tour de Luxembourg am Dress vum Team Lëtzebuerg ënnerstëtzen.

Hei säi weidere Programm fir dëse Mount, wou dann och mam Tour de Suisse eng éischt Etappe-Course um World-Tour Niveau fir de Kevin programméiert ass:

  • 1 June : GP Plumelec UCI 1.1
  • 2 June : Boucles de l'Aune UCI 1.1
  • 5-9 June : Tour de Luxembourg UCI HC
  • 15-23 June : Tour de Suisse UCIWT
  • 30 June : Championnat Luxembourg

    Bravo Kevin a bonne Chance fir dat wat kënnt