Kevin Geniets op Besuch an der Vëlosschoul


25 June 2019

No engem ustrengenden Tour de Suisse, ass de Kevin haut de Mëtteg op Besuch an d'Vëlosschoul komm, do wou viru ronn 16 Joer alles ugefaangen huet.
Nodeems de Kevin e bësse mat de Kanner gepotert huet, an hinnen hier Froe beäntwert huet, stoung Techniktraining um Programm, bei deem de Kevin selbstverständlech matgemaach huet.
E klenge Slalom, e Bidon vum vum Buedem iwwert dem Fueren ophiewen, Wheelie an eng lues Course "Sur Place" stoungen um Programm.
Duerno sinn déi eenzel Gruppen nach en Tour duerch de Bësch gefuer, woubäi leider ee vun eise Jonke Coureure gefall ass, an huet mussen an d'Spidol.

Mer soen dem Kevin villmools Merci fir de flotten Nomëtteg a wënschen him Bonne Chance fir de Rescht vun der Saison.

Dem Thibaut wënsche mer eng gutt Besserung, a mer freeën eis, wann hien nees gesond a monter bei eis ass.

Fir d'Fotoen ze kucke klickt hei