National Meeschterschaften am Cyclocross - De Bilan

Podium fir den Arno Wallenborn Foto vun MC



13 January 2018

Eis Coureuren hu sech haut bei den nationale Meeschterschaften am Cyclocross vun hierer allerbeschter Säit gewisen, an eis Faarwen héich gehaalen.

D'Nathalie gëtt dat 2. bei den Dammen, an den Arno kënnt als 3. bei den Débutants op de Podium.
Mä och den Thierry, 5. Débutants, an de Luc, 6. bei de Junioren sinn an hire Coursen iwwert sech erausgewues an hu bei ganz schwierege Bedingungen en Top-Resultat erausgefuer.

Hinnen all e grousse BRAVO

De Luc Berns huet bei de Masters no enger Chute leider musse vum Vëlo klammen. Mer wënschen him dass e geschwënn nees op der Héicht ass.

Fotoen vum Dag fann Der an eiser Gallerie.