National Meeschterschaften am Zäitfueren


29 June 2019

Positive Bilan um 1. Dag vun den nationale Meeschterschaften fir eise Veräin.

De Kevin Geniets gëtt Champion bei den Espoiren, an d'Maïté Barthels gewënnt Sëlwer bei de Juniorinnen.

De Ben Gastauer verpasst Bronze just em e puer Sekonnen a klasséiert sech als 4, an de Luc Braun gëtt den 9. bei de Junioren.

Och eis Débutants an Débutantes hu gëschter dierfen un den Depart goen, d'Zäitfueren gouf allerdéngs net als Championnat ausgedroen, mä als regional Course.

Bei den Débutantes kënnt d'Lena Carier op déi 3. Platz an d'Layla Barthels gëtt dat 5. Bei de Jongen gëtt den Arno Wallenborn de 4. an den Noah Kemp den 13.

Haut de Mëtteg geet et da weider mat de Stroossecourssen ronderëm de Scheierhaff zu Zolwer. D'Masters maachen den Optakt, duerno fueren d'Dammen (Débutantes, Juniorinnen, U23 an Elite) an den Ofschloss gëtt vun den Débutants Jongen gemaach.


Klickt hei fir de komplette Programm