National Meeschterschaften op der Strooss


15 June 2019

Vum 28.-30. Juni organiséiert de LG-Bieles an Zesummenaarbecht mat dem CCI-Differdeng, dem LC Kayl, dem CC Monnerech an der LP07 Schëffleng, déi natioanl Stroossemeeschterschaften fir all Kategorien.

Freides, den 28.06. um 15.30 Auer geet et lass mat de Meeschterschaften am Zäitfueren.

Samschdes, de 29.06. ginn d'Masters (13.00 Auer), Dammen (15.30 Auer) an Débutans (18.15 Auer) un den Départ fir d'Course en ligne

Sonndes  den 30.06. ass um 9.00 Auer Depart fir d'Junioren an um 12.10 Auer fir d'Minimes. Um 13.15 Auer ginn d'Elite op d'Streck iwwer Land geschéckt, iwwerdeems d'Cadets um 13.20 Auer op engem lokale Circuit hier Meeschterschaft ausdroën.

All d'Detailer fann Der am Guide Technique deen als link annexéiert ass.

Fir den Detail vun de Strecken klickt hei

Mer wënschen alle Coureuren flott an intressant Coursen.

guide-technique-komprimiert.pdf