Televie zu Schëffleng


28 April 2019

Vun November 2018 un, hu mer bei all eise Manifestatioune Gadgeten vum Televie verkaf, a konnte domadder en Total vun iwwer 800€ erwirtschaften, dee mer op 1.000€ fir d'Recherche géint de Kriibs opgeronnt hunn.

Um groussen Télévie-Dag zu Schëffleng ware mer ausserdeem och iwwer de ganzen Dag an enger Gedrénks-Bud engagéiert, fir esou nach weider Gelder fir den Télévie ze generéieren.

All deene Leit déi an iergendenger Form um Succès vun dëser wichteger Manifestatioun bedeelegt ware soe mer villmools Merci