Tour de Luxembourg - LP07

de Grupp Minimes/Cadets 2021 vun der LP07 mat hiren zwee Trainer



09 May 2021

Wéinst der Corona Pandemie war dëst Joer kee gemeinsame Stage an enger Auberge/Hotel am In- oder Ausland méiglech.

Dofir haten di Responsabel vum Grupp Minimes/Cadets sech entschloss fir de Weekend vum 7., 8., an 9. Mee en „Tour de Luxembourg“ ze organiséiere wou di Jonk sollten nei a flott Plazen zu Lëtzebuerg presentéiert kréien.  

Gläichzäiteg sollt dëse „Stage“ awer och eng sportlech  Preparatioun ob d’Championnater duerstellen. 

Déi 3 Etappen hunn sech sou presentéiert: 

1.    1. Etapp  am „Minette“  

Nom „Grand Départ“ zu Schëffleng sinn déi Jonk iwwer Biergem, Suessem, Käerjeng, Péiteng, Nidderkuer, den Zolwerknapp, laanscht den Belval, d’Rout Lëns, den Ellergronn bis op den Käler Potto gefuer. Dono ass et dann iwwer den "Rouden Wee" erof op Rëmeleng gaangen fir iwwer Käl rëm op Schëffleng ze fueren.  

2.    2. Etapp op der Musel

Déi zweet Etapp hat hiren Départ zu Réimech wou et dunn laanscht Musel bis op Mäertert gaangen ass. Zu Mäertert sinn d’Coureuren dunn iwwer Wecker, Mensder, Schëtter, Siren op Weiler-la-Tour gefuer, wou de grousse Ravitaillement stattfonnt huet. Vun Weiler ass et dunn iwwer Fëlschdref an Elleng ob de Jangelis Wee gaangen den déi Jonk duerch d’Wéngerte rëm op Réimech bruecht huet.

3.    3. Etapp am „Eislek“

Déi drëtt a gläichzäiteg di lëscht Etapp war dunn am Eislek. Et sollt "d’Kinneksetapp" ginn. Den Départ war zu Wooltz a sollt Coureuren iwwer Roullinge rof an den Héiderscheidergronn féieren. Weider ass et, laanscht Sauer, Richtung Giewelsmillen gaangen, éier et de Bierg op Richtung Maarkebaach goung. Iwwer Merscheet ass et op Housen gaange wou de Ravitaillement vum Daach war. Duerch Pinsch a Lellingen ass et op Kautebaach gaange fir dono rëm Richtung Wooltz ze fueren.

Am Ganzen hunn d’Coureure ronn 210 Kilometer gemaach mat Ronn 2000 Héichtemeter.

Felicitatiounen dofir!

En grousse Merci gëllt awer och den Elteren déi mat groussem Asaz e Ravitaillement, mat leckerem Iessen a Gedrénks, organiséiert hunn.