Trainer*in gesicht!


25 February 2022

Trainer*in gesicht!
 
De Schëfflenger Vëlosclub sicht dringend 1-2 Trainer/innen fir d'Jugendkategorien (Minimes & Cadets 11-14 Joer) ze encadréieren.
Am léifsten fir Donneschdes an Samsdes, oder just een vun beiden Deeg. Vu dat d'Fréijoer virun der Dier steet wier et fir elo zimlech geschwënn op d'Strooss fueren ze goen. Dëst kann awer ganz gären mat MTB gekoppelt ginn.
Mer frëen eis awer och iwwert all Hëllef fir en Halentraining.
 
De Club huet och e Budget fir hier Trainerinnen an Traineren finanziell ze entschiedegen!
 
En Trainerschain ass keng Virraussetzung fir de Posten, et wier awer en Virdeel. Erfahrung an Freed eppes mat a fir d'Kanner an d'Jugend ze maachen sinn eis am Wichtegsten!
 
Bei Interessi oder weider Froen mellt iech weg per PN oder president@lp07.lu.
 
Ënnerstëtzt d'Jugend! Merci fir all Hëllef a Proposen.