Ufank vun der Summersaison


16 March 2019

Haut fänkt fir eis Cyclotouristen d'Summersaison mam Rallye du Printemps zu Beetebuerg un.

D'nächst Woch trieden da bei de Coureuren d'Junioren, d'Elite an d'Masters zu Bech an Aktioun, ier den 13. Abrëll och d'Jugendkategorien, Minimes, Cadets, Débutants an d'Dammen zu Biermereng un Depart ginn.

Fir eis Jéngst ass déi éischt Trophée Jeunes dëst Joer de 27. Abrëll um VTT-Terrain Boy Kohnen.

Mer wënschen all eise Cyclisten eng flott Saison bei beschter Gesondheet an ouni Accidenter.