Rendez-vous fir gemeinsam Traininger ass beim Hall Polyvalent zu Schëffleng
Mer betreie Coureuren aus allen FSCL-Kategorien vu Minimes (ab 11 Joer) bis Masters.
Traininger si je no Kategorie strukturéiert 3-6 mol d'Woch
- Am Summer stinn haptsächlech Vëlostraininger op der Strooss um Programm
- Am Wanter hale mer eis mat Mountainbike an allgemengem athleteschen Halentraining a Form
- Fir déi wou wëllen ass am Wanter och Cyclo-Cross um Programm
Veräinstrainerin ass d'Nathalie Lamborelle - Masterofschloss mat Schwéierpunkt Leeschtungssport - Sportsprof - B-Trainer-Schäin a fréier Coureur bei verschiddenen internationalen Dammen-Equipen
Co-Trainer ass de Steve Serafini (Tainer C)
D'Nathalie an de Steve ginn ënnerstëtzt vum Maurice Schwarz an zäitweis vum Alex Magar, alle béid fréier Coureuren a Kids-Coach.
Ausserdem kënne si op d'Hëllef vun enger Rei Pappen zielen, déi als Begleeder matfueren.
iwwer de Kontaktformular hei drënner