Wéini ?
An der Schoulzäit all Dënschdes vun 15:00 – 17:00 Auer
Wou ?
Rendez-vous ass um 14:50 Auer beim Hall Polyvalent zu Schëffleng
Wat ass lass ?
D’Vëlosschoul vun der LP07 huet folgend Zieler :
- - Spaass um Vëlo
- - Léieren de Vëlo an all Situatioun ze beherrschen
- - Léieren sech mam Vëlo amVerkéier ze beweegen
- - Deelhuelen u Kannercourse vun der FSCL
- - Virbereedung op spéider sportlech Aktivitéiten als jonke Coureur an der LP07
Wee ka matmaachen ?
All Kanner vu 6 Joer un, déi ouni Riedercher um Velo kënne fueren.
Wéi schaffe mer?
D'Kanner gi je no hierem Alter an hiere Fähegkeeten an 3 Gruppen agedeelt:
- Grupp 1 léiert am Hall Polyvalent d'Grondlagen vum Vëlofueren. No der Ouschtervakanz kënnen d'Kanner dat wat se geléiert hunn um Schëfflenger Bierg ëmsetzen.
- Grupp 2 fiert op liichte Bësch- a Vëlosweeër. Hei ginn d'Grondlage gefestegt an d'Technik verbessert
- Grupp 3 fiert op méi enken a kniwweleg Bëschweeër, wou weider un der Technik gefeilt gët an och d'Ausdauer verbessert gët
All Grupp gët vu mindestens 2 geschoulte Moniteuren (FSCL-Kids-Coach oder Trainer C) encadréiert.
Informatiounen
Tel. : 54 02 02
oder de Kontaktformular hei drënner
