Vëlosschoul vun der LP07 Schëffleng

Wat maache mir an der Vëlosschoul?

D’Vëlosschoul vun der LP07 huet folgend Ziler:

  • De Spaass um Vëlo steet op der 1. Plaz
  • Léieren de Vëlo an alle Situatiounen ze beherrschen
  • Deelhuelen u Kannercourse vun der FSCL (op fräiwëlleger Basis)
  • Virbereedung op spéider sportlech Aktivitéiten als jonke Coureur an der LP07

D’Kanner gi jee no hire Fäegkeeten a 4 Gruppen agedeelt:

  • D’Minis sinn eis Ufänger. Si léieren am Hall Polyvalent zu Schëffleng d’Grondlage vum Vëlofueren. Bei guddem Wieder gi si och eraus op d’Vëlospiste fueren. Em Fuesent (wiederofhängeg) ginn si dann och op de Schëfflenger Bierg an de Bësch fueren, wou si hier virdru geléiert Technike kënnen ëmsetzen.
  • D’Midis fueren dat ganzt Joer iwwer am Bësch op liichten a mëttelschwéiere Weeër. Hei ginn d’Grondlagen nach emol gefestegt an d’Technik verbessert
  • D’Maxis an d’Maxi+ fueren och dat ganzt Joer iwwer am Bësch. Si sinn op méi schwéieren, enken a kniwwelege Bëschweeër ënnerwee, wou weider un der Technik gefeilt gëtt an och d’Ausdauer verbessert gëtt.

All grupp gëtt vu mindestens 2 geschoulte Moniteuren (FSCL-Kids-Coach oder Trainer C) encadréiert.

Wee ka matmaachen?

D’Vëlosschoul ass fir all Kand vu 5 Joer bis 12 Joer, dat ouni Riedercher kann um Vëlo fueren.

Wéini a wou?

An der Schoulzäit all Dënschdes vu 15:00 bis 17:00 zu Schëffleng.

Jee no Ekipp ännert awer den Treffpunkt: D’Minis treffe sech um 14:50 beim Hall Polyvalent zu Schëffleng; d’Midis, d’Maxis an d’Maxi+ treffe sech um 14:50 um Parking beim CAS-Terrain.

Virun all Training kritt all Ekipp déi néideg Informatiounen zum Training.

Umeldung oder méi Informatiounen:

velosschoul.lp07@gmail.com

oder iwwert de Kontaktformular hei drënner