Season Opening LP07


12 September 2023

Mir sinn frou Iech kënnen den 23. September 2023 op den Season Opening vun der LP07 Schëffleng ze invitéiren. Bei engem flotten Grillowend wëllen mir e grousse Merci fir d’Saison 2023 soen an mat voller Motivatioun an d’Saison 2024 starten.

Et ass och den Moment all eisen Benevollen MERCI ze soen fir hiren Asaz wärend eisen Coursen.

D’LP07 Schëffleng steet fir d‘Promouvéiren vum Vëlossport. Den Sport ass d’Basis vun eisem Veräin.

Mir haten flott sportlech Highlighte an der Vëlosschoul an bei eisen Coureuren. Dofir profitéieren den selwechten Moment fir och eisen Sportler ze gratuléieren.

Rendez-vous ass den 23.9.2023 um 16:30 beim Rit zu Schëffleng.

Mëllt Iech w.e.g iwwer folgenden Link (oder den QR-Code) un: 

 

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfvzkDwxIN-HeLfcfFs_ZhGCgD1vCXi_W4xgspeQoY73IaIkQ/viewform