Mir sichen Dech !!

👉🏻 Mir sichen Dech!

D’LP07 sicht motivéiert an engagéiert Persounen déi bereet sinn en Training (U13/15) ze encadréieren. 

🚴🏻‍♀️🚴🏻‍♂️ D’Zil ass et fir jonk Cycliste bei hirem Wee am Vëlosport ze begleeden an ze forméieren. Den Trainer kritt vum Veräin dei néideg finanziell (30 Euro/Training) a materiell Ënnerstëtzung (Uniform a Veräinsauto) fir seng Tâche bescht méiglech ze erfëllen.

✅D’Missiounen: 

  • Promotioun vum Vëlossport an all senge Formen
  • Zwee Training pro Woch 
  • Coureuren ob hire Coursë begleeden 
  • Ee Stage pro Joer organiséieren.

📋Eng sportlech Ausbildung ass vu Virdeel. 

❗️Bass du motivéiert? 

Dann mell dech ënner comité@lp07.lu 

Mir freeën eis!