Vëlosschoul-Stage 2018

Foto vun MC



15 April 2018

Nodeems eis Coureuren e Mëttwoch op Lëlz an de Stage gefuer sinn, huet och eis Vëlosschoul e klenge Weekend-Stage zu Beefort an der Jugendherberg verbruecht.

Freides nom Check-In stoung eng Visitt op der Spillplaz um Programm ier mer op d’Nuetiesse gaange sinn. Duerno hunn d’Kanner sech nach e bëssen op der Indoor-Spillplaz ameséiert, ier et geheescht huet an d’Bett ze goen.

Samschdes Moies virum Kaffi hu mer e bësse Frühsport gemaach, fir de Kierper un d’Rullen ze kréien. Nom Kaffi stoung Technik um Programm an nom Mëttegiessen hu mer eis fir eng flott Ausfaart op de Wee gemaach.

Wee gemengt huet, dass eis Jéngst no gutt 2 ½ Stonne Vëlo scho midd wieren, deen hat sech geiert, well no der Dusch wollte se nach eng Kéier op d'Spillplaz, an hunn do nach eng gutt Stonn getoobt ier mer op d’Nuetiesse gaange sinn, a si duerno op der Indoor-Spillplaz hier lescht Energie erausgelooss hunn.

Sonndes Moies nom Kaffi ass e flotte Stage op en Enn gaangen.

Fotoe vum Stage