6. Platz fir de Kevin Geniets an de Boucles de l'Aulne


02 June 2019

No senger gudder Leeschtung gëschter konnt de Kevin haut seng gutt Form an de Boucles de l'Aulne confirméieren.

Nodeems hien de Sprong an d'Echappé vum Dag geschafft hat, gët hien um Enn de gudde 6. D'Course ass vum Alexis Gougeard (AG2R-LaMondiale) en solitaire gewonne ginn. De Kevin kënnt am Verfolgergroupe mat 6 weidere Coureuren op 1'09 un a klasséiert sech op der 6. Platz.

Bravo Kevin a bonne Chance fir den Tour de Luxembourg.

Klickt hei fir dat komplett Klassement.