Ofschlosstraining vun der Vëlosschoul


14 July 2021

Den 13. Juli war den Ofschloss vun engem speziellen Vëlosschoul Joer, wärend deem mer eis ëmmer nees un d’Mesuren am Kontext vun der Pandemie hu mussen upassen.

An och de leschten Training konnte mer wiederbedéngt net ewéi geplangt dobaussen ofhalen.

No engem flotten Training dobannen, hu mer zesumme mat Kanner den Ofschloss vum Joer bei engem gudde Wupp vum Grill gefeiert, an d’Elteren hunn d’Moniteure mat engem léiwe personaliséierte Cadeau iwwerrascht.

Et war dann awer och de leschten Training an der Vëlosschoul fir d’Claudia, dat no iwwer 20 Joer un der Spëtzt vun der Vëlosschoul seng Pensioun geholl huet. Seng Moniteurs-Kolleegen hunn sech net huele gelooss fir him um Enn vum Training e flotten Album mat ganz villen Erënnerungen aus deene leschten 20 Joer ze iwwerreechen.

Eng nei Equipe ass prett fir am September d’Relève ze huelen. D’Nadine Leclerc iwwerhëlt dee méi administrativen Deel an d’Joëlle an d’Tanja këmmeren sech ëm déi méi technesch Aufgaben.

E grousse MERCI un d’Kanner fir hiert Engagement an hire Fläiss wärend dem ganze Joer

E grousse MERCI un d’Elteren, déi sech ëmmer nees ugepasst hunn, an hier Kanner bei eis op den Training bruecht hunn.

E grousse MERCI un déi vill al an och nei Moniteure fir hiren Asaz an hier Flexibilitéit dat ganzt Joer iwwer

An zu gudder Läscht e grousse MERCI un d’Claudia fir säin Engagement iwwer méi ewéi 20 Joer am Déngscht vun de Kanner a vun der Vëlosschoul.

Mer ginn Iech elo scho Rendezvous am September fir eng nei flott Saison.

Fir d’Fotoe vum Dag klickt hei.