Stage 2019 am Schwarzwald


18 April 2019

E kuerze mee erfollegräiche Stage zu Kenzingen am Schwarzwald geet op en Enn. 

Nodeems de ganze Grupp sech Sonndes zu Kenzingen am Sporthotel afonnt huet, ass et direkt op eng Ausfaart gaangen. Op flaachen Terrain sollten d'Been agefuer ginn. 

Méindes an Dënschdes sinn 2 Gruppe gemaach ginn. Minimes-Cadets hunn ee Grupp gebilt encadréiert vum Luc Berns. An Debutants-Juniors-Dame  waren en Grupp encadréiert vum Steve Serafini a Maurice Schwarz. Et si vill Kilometer a vill Héichtemeter gesammelt ginn, sou haten déi Grouss op hirer Kinneksetapp wou et ënner anerem de Feldberg erop gaangen ass 150 Kilometer bei 2200 Héichtemeter ze absolvéieren. 

Mëttwochs stoung nach eng locker Ausfaart vu ronn 50 Kilometer um Programm, éier de Grupp nom Mëttegiessen d'Heemrees an ugreff geholl huet.

Mer hate grouss Chance mam Wierder, sou war bal duerchgoend Sonn bei angenehmen Temperaturen.

D'Trainerteam bedankt sech bei de Coureure fir hiert exemplarescht Behuelen an déi flott Ambiance.

E grousse Merci geetoch un d'Elteren déi mat am Stage waren. Nemmen duerch hir Hëllef konnt de Stage sou een Erfolleg ginn.